Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
Episodes
50
11 September 2026
Turning Point: Generation 9/11
5 Joer sinn et hir säit den 9/11 Attentater an den USA, een Dag wou d‘ganz Welt hiren Otem ugehal huet. En neien Dokumentar weist elo, wei dësen Dag d‘Welt vun haut gepräägt huet. D‘Claire Barthelemy huet e fir eis gekuckt.
11 September 2026
Faux Real - "Poison Time"
Schonn d'Singleauskopplungen hu gewisen, wou d'Rees higeet: "That Far" an "One & Done" zéien den Nolauschterer mat repetitive Synth-Linnen a punkiger Energie direkt an hire Bann. Wéi "Poison Time", den zweete Longplayer vu Faux Real soss esou kléngt, weess de Marc Clement.
10 September 2026
D'Mudam-Collectioun zum Theema “Video killed the Radio Star”
Enn September/ Ufanks Oktober ginn eng ganz Rei interessant Ausstellungen op en Enn. Falls dir État bruit an der Escher Konschthal, d’Luxembourg Architecture Awards am LUCA am Gronn oder vu Lilien a Linnen am Nationalmusée um Fëschmaart nach net gesinn hutt, maacht iech bäi. Och wat di speziell Gebuertsdagsprogrammer am Casino an am Mudam ugeet. Am Pei-Musée kënnt dir traditionell all Summer en...
10 September 2026
Liestipp: Felicitas Hoppe: Reisen
D‘Vakanzezäit ass fir vill Leit elo eriwwer an et ass de richtege Moment e Buch iwwer d‘Reesen ze liesen, e Buch, dat sécher kee Reesguide ass. An domat huet d‘Valerija Berdi dann och e ganz besonnesche Liestipp. Der Felicitas Hoppe hire Roman „Reisen“ aus dem Hanser-Verlag.
09 September 2026
De Bléck op d'Vergaangenheet schäerfen...
Gëschter ass d’Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis bekannt ginn. Sechs Bicher huet d’Jury ausgewielt, déi d’Chance hunn de 5. Oktober, zum Optakt vun der Frankfurter Buchmesse ausgezeechent zeginn. Wéi eng Bicher dat sinn, dat erzielt eis elo d’Valerija Berdi.
09 September 2026
ENGLBRT um Reeperbahn Festival
Een Duo aus engem Jazz-Batteur an engem Indiesänger-a Gittarist, déi zesumme Popmusek maachen - dat ass ENGLBRT. Den ENGL ass den Niels Engel, dee scho mat villen Jazz-Gréissten d’Bün konnt deelen, a BERT ass de Spëtznumm vum Georges Goerens, bekannt als Bartleby Delicate an als Frontmann vun der Rockband Seed to Tree. Hir Plack "Song(e)s" ass nach waarm aus dem Uewen, a prett, un nei,...
08 September 2026
"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"
Jonk sinn an Italie wärend de "bläie Joren" a jonk sinn haut: Den Dario Ferrari verbënnt déi zwou Zäiten a sengem rezent op Däitsch iwwersate Roman "Die Pause ist vorbei" (Verlag Klaus Wagenbach). D'Buch kombinéiert e frësche Bléck op de radikale politeschen Engagement an de 70er Jore mat enger Satir vum akademesche Milieu hautdesdaags. De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger...
08 September 2026
Rentrée littéraire: "Rouges-Truites" vum Pierric Bailly
Wéi all Joer erschéngen an den nächsten dräi Wochen am Frankräich iwwer 400 Romaner – a wéi all Joer guidéiert eis de Jeff Schinker an den nächste Wochen a Méint duerch den Dschungel u Publikatiounen, verréit eis wéi eng Hypes justifiéiert sinn a wéi eng et net sinn a stellt seng Highlights an Enttäuschunge vir. Haut beschwätzt de Jeff Schinker "Rouges-Truites" vum Pierric Bailly: Ee Roman, an...
07 September 2026
Noruff Gloria Steinem
D‘Gloria Steinem hat jorzengte laang fir Gläichberechtegung am Heem an op der Aarbecht gekämpft, an sech fir d‘Fräiheet op Ofdreiwung agesat. Si huet Fraen encouragéiert an d‘Aarbechtswelt an an d‘Politik ze trieden an huet sou e kulturelle Wandel erbäigefouert. Si ass d‘lescht Woch am Alter vun 92 zu New York gestuerwen. D‘Claire Barthelemy mat engem Noruff.
07 September 2026
"Blue Heron" vun der Sophy Romvari
Der Sophy Romvari hiren éischte Film "Blue Heron" ass eng melancholesch Autofiktioun iwwer der Realisatrice hir Kandheet mat engem psychesch kranke Brudder. De Film krut dëst Joer um LuxFilmFest de Präis vun der internationaler Filmkritik. D’Vesna Andonovic an de Jeff Schinker waren e fir eis kucken – mir lauschteren hir Andréck.