Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Invité:e vum Dag
News
Luxembourgish
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Website
Episodes
Episodes
50
11 September 2026
Hans-Jakob Schindler, Terrorismus-Expert
Wéi eng Léiere sinn aus den Attentater vum 11. September 2001 gezu ginn? Wéi eng Gefore ginn haut nach vun islamisteschem Terror aus? Dat froe mir de renomméierten däitschen Terrorismus- a Séchserheets-Expert.
10 September 2026
Serge Wilmes, CSV-Ëmweltminister
No deem iwwerduerchschnëttlech waarmen an dréchene Summer 2026: Kritt d'Klimapolitik elo neie Schwong?
09 September 2026
Claude Meisch, DP-Educatiounsminister
Wéi eng Conclusiounen zitt de Schoulminister aus der neier PISA-Etüd?
08 September 2026
Anne Calteux, Ex-Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg
Den 1. Dezember iwwerhëllt si d'Direktioun vum Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique.
07 September 2026
Markus Linden, Politolog vun der Uni Tréier
No der Landtagswahl vu gëscht a Sachsen-Anhalt: Wéi geet et an deem Bundesland virun? A wéi eng Konsequenze kritt dat politescht Äerdbiewen zu Berlin?
04 September 2026
Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé
Wéi héich war d'Iwwerstierflechkeet während de Caniculen? A wéi eng Léieren zéien d'Gesondheets-Autoritéiten aus den Hëtztwelle vun dësem Summer?
03 September 2026
Erik von Scholz, CEO Enovos
Ass genuch Gas do fir den nächste Wanter ze iwwerbrécken? A wéivill wäert en de Client kaschten?
02 September 2026
Nico Steinbach, neie Landrat vum Eifelkreess Bitburg-Prüm
Den SPD-Politiker ass e Sonndeg schonn am 1. Tour mat absoluter Majoritéit gewielt ginn. Am Interview erkläert hien d'Funktioun an d'Erausfuerdeungen, déi sech stellen.
01 September 2026
Claude Reuter, FGFC
D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal huet sech selwer komplett reforméiert - a begréisst, datt d'Epreuve générale d'aptitude am kommunale Secteur ofgeschaaft ass. Domat geet eng laangjäreg Fuerderung an Erfëllung.
31 August 2026
Gilles Feith, Luxair-Generaldirekter
Direkt mat zwou Nouvellë war de Lëtzebuerger Flughafen d’lescht Woch an de Schlagzeilen. De Findel kritt den nächsten Abrëll mat United Airlines eng nei Direkt-Verbindung an d’USA. An d’Luxair huet e Freideg déi éischt zwou vun am ganze véier nei Boeing 737-8 empfaangen. Wat bedeiten déi Entwécklunge fir déi eenzeg Lëtzebuerger Passagéier-Fluchgesellschaft?